EIS PHILOSOPHIE

Wuel vum Déier a regional Qualitéit

Eis Wagyuranner ginn bei eis um Haff gebuer a bleiwen bis zu 10 Méint bei der Mammekou. Vum Fréijoer bis Hierscht stinn d’Wagyuen op der Weed. D’Ochsen ginn ab engem Alter vun 40 Méint geschluecht, an den Wee an d’Schluechthaus gëtt sou kuerz wéi méiglech gehal fir onnéidege Stress fir d’Déieren ze vermeiden.

Eist Wagyu Fleesch gëtt vum Metzler verschafft an duerno verpaakt an déifgefruer. Vun der Wagyuzoossis, Burger iwwer Steaks bis zum Filet, bidden mir alles vun eise Wagyuen un.

Doduerch datt mir op Qualitéit an net op Quantitéit setzen, sinn net all Deeler ëmmer verfügbar. Ofwiesselend ginn Vollblutt Wagyuen a Wagyu Kräizungen (Wagyu x Limousin a Wagyu x Holstein) geschluecht, woubäi d’Fleesch vum Vollblutt Wagyu sech duerch e méi héije Marmoréierungsgrad hervierhiewt. Trotzdeem däerf d’Fleesch vun de gekräizte Déieren net ënnerschat ginn an bidd eng präiswert Alternativ.

Weieen Fleesch am Moment verkaaf get, gesidd dir op eiser Präislëscht.

Kontaktéiert eis elo
D'Geschicht vun eisem Haff

1972

Boxenlaafstall

Boxenlaafstall fir d’Mëllechkéi

1980

Mammekéi

Opbau vun enger Limousin Mammekéiherd

1989

Buedem Beaarbechtung

Bewirtschaftung vun eisem Acker ouni Plou

1993

Vakanzewunnengen

Dräi Vakanzewunnengen sinn duerch Embauarbeschten um Stall an Schéier entstaan

1994

BEO

D’Cooperative BEO (Bauereninitiativ fir d’Eislek an den Naturpark Our) gouf mat eis als Grënnungsmember an d’Liewen geruff…

1994

Ourdaller

…an de Produktiounshaalen zu Kalber ginn qualitativ héichwäerteg, regional Liewensmëttel wéi Ueleg, Moschter, Wëllkar Nuddelen a villes méi produzéiert. Op eise Felder gëtt Läin ugebaut, deen ënner anerem zu kalgepresstem Ueleg veraarbecht gëtt. « www.ourdaller.lu »

1997

Betriebsiwwernahm

De Betrieb “A Mëchels” ass an déi 9. Generatioun vun der Famill Aust iwwergaang

2003

Photovoltaik

Eis éischt Photovoltaikanlag ass an Betrieb geholl ginn

2008

Melkroboter

D’Mëllechkéi ginn vun engem Melkroboter gestrach

2013

Liegeboxenlaafstall

Bau vun engem néien Déierenfrëndlechen Stall mat Laufhof fir d’Mëllechkéi

2014

Wagyu Zuucht

Éischten Kontakt mat der Wagyu Zuucht

2019

Vollblutt Wagyuen

Déi éischt Vollblutt Wagyuen goufen gebuer

2023

Selbstvermarktung

Wéinst der Lag vun eisem Betrieb am Naturpark Our vermaarkte mir eist Fleesch ënner dem Numm “Ourdall Wagyu”

Kontakt Detailer

Eis kontaktéieren

Telefon +352 84 94 87 E-mail aust@wagyu.lu Adress

Famill Aust
69, Kierchestrooss
L-9452 Bettel
Luxemburg

Eis Präislëscht Uweisen

    Virwëtzeg op eist Wagyu Rëndfleesch? Dir sidd häerzlech wëllkomm eis ze kontaktéieren.

    captcha

    Eis Präislëscht Uweisen